Select your language

 

Malou Garofalo

Gebueren 1984 zu Lëtzebuerg, fänkt d'Malou Garofalo mat 6 Joer un Klarinettecouren zu Esch Uelzecht am Conservatoire beim Här Francis Schummer ze huelen.

Nodeems hatt den Diplom supérieur an der Klarinett an an der Kammermusek, an éischt Präisser an der Harmonie, Bass Klarinett, Piano, Kontrapunkt, Pédagogie a Méthodologie, Lecture an Transpositioun, gemaach huet, perfectionnéiert hatt sech während zwee Joer um Conservatoire Royal de Musique zu Bréissel mam Professer Ronald van Spaendonck.

D'Malou Garofalo setzt dann seng Studien op der Hochschule für Musik Saar beim Professer Eduard Brunner fort, wou hatt 2009 säin Diplom 'Konzertreife' an der Klarinett kritt an 2011 an der Kammermusek.

malou

Donierft schafft hatt mam Olivier Dartevelle am Conservatoire zu Lëtzebuerg a kritt do den Diplom de Concert. Verschidde Masterclassen mat renoméierte Professeren wéi zum Beispill dem Wolfgang Meyer, Walter Boeykens, Sharon Kam, Michel Arrignon oder Martine Leblanc hëllefen him säi musékalëscht Wëssen ze erweideren.

Hatt ass Lauréate vu verschidden internationale Concouren, ënner aneren dem Concours pour Jeunes Solistes zu Lëtzebuerg, dem Concours vun der Yamaha Music Foundation, dem Kammermuseksconcours International Forum an dem Torneo Internazionale di Musica.

Während zwee Joer schafft hatt als Stagière am Orchestre Philharmonique du Luxembourg.

Säit 2011 ass hatt am Orchestre de Chambre de Luxembourg (OCL) täteg. Hatt spillt regelméisseg Concerten als Solistin oder als Member vum Trio Aurora. Säit September 2013 enseignéiert hatt Clarinette am Conservatoire zu Esch Uelzecht.

jump