Cindy Garofalo
Gebueren 1982 zu Lëtzebuerg, fänkt d'Cindy Garofalo seng Studien am Conservatoire zu Esch Uelzecht un a kritt do säin Diplom supérieur an der Klarinett an an der Kammermusek an der Klass vum Här Francis Schummer, sou wéi seng Präisser an der Harmonie, Kontrapunkt, Lecture an Transpositioun, Pédagogie a Méthodologie.
Uschléissend studéiert hatt am Conservatoire Royal de Musique zu Bréissel an de Klassen vum Professer Jean-Michel Charlier a Ronald van Spaendonck an schléisst do am Joer 2005 mam Diplom 'Licenciée en musique' of.
No zwee Joer Perfectionnement am Conservatoire Régional de Musique, de Danse et de Théâtre de Nancy, mëcht hatt nach den Diplom de Concert an der Klass vum Olivier Dartevelle am Conservatoire zu Lëtzebuerg.
Niewend senge Studien beräichert d'Cindy sech op Masterclassen a Stagen vu verschiddene renoméierte Professeren wéi dem Eduard Brunner, Walter Boeykens, Wolfgang Meyer, Martine Leblanc an dem Michel Arrignon.
Während enger Saison schafft hatt am Orchestre Philharmonique du Luxembourg.
De Moment enseignéiert d'Cindy bei der Musekschoul vun der Union Grand-Duc Adolphe (Ugda), a spillt regelméisseg Concerten als Solistin, am Grupp oder mam Trio Aurora an deem hatt Member ass.