Claude Schlim
Gebueren 1982 zu Lëtzebuerg mëcht de Claude Schlim seng Euphonium Studien am Conservatoire zu Esch Uelzecht beim Här Robert Weyland an Rudy De Bow, mat deem hien bis zum Diplom de Concert zesumme schafft.
Gläichzäiteg mëcht hien éischt Präisser am Piano, an der Kammermusek, Déchiffrage, Harmonie, Pédagogie a Méthodologie, Orchestratioun an Direktioun.
Hien studéiert um Conservatoire Royal de Musique zu Bréissel an der Klass vum Professer José Schyns a schléisst säin Studium mam Diplom 'licencié en musique' of. Donierft mëcht hien eng Rei Masterclassen mat renoméierte Professeren wéi zum Beispill dem Robert B. Childs, Steven Mead, Olivier Haas an Nick Ost.
Momentan enseignéiert hien am Conservatoire zu Esch Uelzecht, dirigéiert Stagen fir jonk Museker a schreift Kompositiounen an Arrangementer fir groussen Orchester oder Kammermusekensembel. Säit 2003 ass hien Dirigent vun der Harmonie vun Äischen.
De Claude spillt regelméisseg als Solist oder am Grupp zu Lëtzebuerg an am Ausland, wéi zum Beispill an der Belge, Frankräich, Däitschland, Éisträich, Italien, Bulgarien oder Amerika. Hien as Member vum Trio Aurora, vum Heavy Tubes Quartett a vum lëtzebuerger Tuba Consortium, a besetzt de Posten vum Solo Euphonium an der Brass Band vum Conservatoire vun Esch Uelzecht.